top of page

Den 30. Juni war am stater Kolléisch déi 1. Versioun vum Eischt Hellef Dag, organiséiert vum EHTK. Enner dem Motto: Préventioun - Eischt Hëllef - Rettung



Um 10 auer war de Startschoss

 

Et ass scho fréi ugangen mat enger Ried, der Ouverture, duerch den Direkter vum Athénée, de Joseph Salentiny. An däer Ried huet hien de Roll vun engem Eischt Hëllef Team ervirgehuewen an all de Sekuriste vum Eischt Hëllef Team e grousse Merci gesot fir hieren Asatz an hier Motivatioun.



Direkt dorop goung et mam éischte Virtrag weider: um 10:45 huet den Dr. Jean Beissel iwwer d'maladies cardio vasculaires" geschwaat. 



No desem Virtrag war eng kleng Paus ugesoot, an däer d'Leit sech déi sellegen Atelieren ukuke konnten.

 

1. Eischt Hëllef Dag



Table Ronde, Atelieren an nach villes méi...

 

Et No enger klenger Erfreschungspaus stoung um 11:45 eng Table Ronde zum Thema "Eischt Hellef an der Schoul" um programm. Un deser Table Ronde hunn deelgeholl:

* M. Joseph Salentiny (Direkter Athénée)

* Mme. Simone Beissel

* Dr. Martine Mergen

* M. Jean-Marie Klein

* M. Michel Feider 

* Mme. Lynn Mamer (Sekurist EHTK)

An deem Deschgespréich gouf manifestéiert, wéi wichteg d'Presänz vum Eischt Hëllef Team an enger Schoul ass, an op de Problem opmierksam gemaach, dass leider nach net vill Schoulen iwwer sou Teamer verfügen.



Nom ronnen Deschgespréich stoung dunn rem eng kleng Paus un, déi vill Leit genotzt hunn fir eppes zeiessen an ze drenken. Ma och an däer Zäit waren d'Atelieren ausgelaascht. Verbänn a Ploschteren, Eischt Hëllef am Allgemeng, an Réanimatioun waren d'Ateliere vum EHTK. Tasqforc QRS, déi aus Holland komm sinn, hunn de Leit mat Proppen déi un e Computer ugeschloss waren durno e genaue Bilan vun hierer Reanimatioun gemaach.



Um 13:15 war et dunn um Virtrag vum Dr. Marc Keipes zum Thema "la prévention - de la théorie à la pratique", deen rem vill Leit nogelauschtert hunn. An desem Virtrag ass den Dr. Keipes méi genau op eng vun den 3 Branchen vun desem Eischt Hëllef Dag agangen, d'Préventioun.



Dobaussen ass et dunn géint 14:00 mat enger Simulatioun vun engem Asatz weidergangen: D'Sekuriste vum Eischt Hëllef Team sinn op en Asatz geruff gi mat 2 Verletzten. No engem Veloaccident kloot een iwwer Réckwéi, deen aneren iwwer Peng am Arm. Direkt ass kloer dass hei keng 2 Sekuristen duerginn.



 

Während d'Lynn Mamer den 112 alarméiert huet, iwwer den Accident, huet de Frédéric dem Portier ugeruff, dass méi Sekuriste gebraucht géife ginn.



Och déi sinn direkt alarméiert ginn: "Urgence 2 blessés .......... parvis dupong ........ material reckeverletzung...." . 3 weider Sekuristen, den Tom, Kevin an d'Julie hunn sech mam néidege Material op de Wee gemach.



2 Sekuristen hunn sech em d'Armverletzung gekemmert, dee ma hëllef vun enger sougenannte "Splint Schinn" geschinnt gouf. Déi aner 3 hunn dem Patient mat der Réckeverletzung de "Stifneck" ugedoen an d'Vakuummatratz preparéiert. Mat der Schaufeltrag gouf de Patient schounend an d'Vakuummatratz geluecht an d'Sekuristen hu just nach missen op d'Antreffe vun der Ambulanz warden.

D'Ambulanz war och schnell mat 2 Leit op der Platz. De Max an den Dick hu sech schnell en Iwwerbléck iwwer d'Situatioun gemach an haaten näischt méi zedinn, ausser de Patient opzelueden. Duerch déi gudd Virbereedung vum EHTK war de gros vun der Arbescht scho gemach. Moderéiert gouf déi ganz Simulatioun vum Théo Wooning.



Den Dag ass weider gangen, mat ville Méiglechkeeten

No der Übung haaten d'Leit rem d'Méiglechkeet vun den Atelieren ze profitéieren. Ma nierft deene vum EHTK, waren och Stänn vun der Protex, Pompjeen, Médécine Scolaire, Doppler, etc. do, un deenen een sech informéiere konnt. 



D'Police huet de Leit d'Méiglechkeet ginn mam engem Go-Kart ze fueren, ma dest mat engem spézielle Brell, wou een d'Gefill kritt, wéieng Auswierkung den Alkohol huet, an natierlech war en Opklärungsstand dobäi.



Och dobäi war de Steiger (emgangssproochlech Leeder) aus dem CIBETT (Centre d'intervention Bettembourg), wou d'Leit d'Méiglechkeet kruuten, sech dest Gefier méi genau unzekuken, an eng kéier bis op 30 Meter erop ze fueren. Mee net nemmen dest Gefier konnten sech d'Leit ukuken. Och eng Ambulanz vun der BF, vun der Croix Rouge an aus dem CIBETT stoung zur Verfügung, genau wéi en HTLF aus der Staat, en MTW, Motorad vun der Croix Rouge. Vir vill Intressie huet och de SAMU gesuergt, deen een normalerweis net einfach sou ka kuken. 



Et stoung dunn nach e Virtrag vum Dr. Marcel Brük um Programm, deen dem Public den AVC an allen Eenzelheeten erkläert huet, an op d'Gefooren an d'Symptomer opmierksam gemach.





Alles an allem war de Leit also ganz vill gebuede fir sech iwwer d'1. Hëllef ze informéieren. 



Daat ganzt Team hofft dass de Leit d'Rettungsdengschter méi genau konnte firgestallt ginn, an dass bei deem engen oder anerem d'Intressie geweckt gouf, fir dem Benevolad bäizetrieden oder villeicht och an enger Schoul en Eischt Hëllef Team ze machen.



Bericht a Reportage op RTL.lu:  

HEI KLICKEN

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page