EHTK
Eischt Hëllef Team Kolléisch

EHTK goes ING Marathon 2013
Max Delvaux - 21-07-13
Den 8. Juni war an der Staat den ING Marathon 2013, an och d'Eischt Hëllef Team aus dem Kolléisch war do präsent. Nieft engem grousse Stand an der Groussgaass, hu 15 Sekuristen op der Arrivée an der LuxExpo eng Hand mat ugepaak, an d'Leefer no hierem Effort ennerstëtzt.
4 Sekuristen, d'Nita, d'Elisabeth, de Max K. an de Frank, hunn um sougenannten TeamRun deelgeholl, an eng supper Platzéierung ereecht.
BILAN 2012/2013 - Den EHTK bléckt zréck
Max Delvaux - 21-07-13
No engem lange Joer kuckt d'Team op hierer Generalversammlung op dat vergangent Joer zréck. Mat iwwer 850 Asäz haten d'Sekuristen dëst Joer all Hänn voll zedinn. Nieft de reguläre Schoulstonnen, huet den EHTK och rem op ville Manifestatioune fir d'Sécherheet gesuergt.
Awer och op dat next Schouljoer, mat dem 15. Gebuertsdag vum Team, gouf virrausgebléckt, éischt Ideeën a Projete goufe virgestallt. Dir kennt hei alles vun deser Versammlung noliesen.
News


Formatioun: Visite CSU 112 an CIBETT
Max Delvaux - 21-03-13
Am Kader vun der Formation continue hunn en deel vun de Sekuriste vum EHTK leschten Dënchdeg hannert d'Kulisse vun der Zentral vum 112 zu Gasprech gekuckt, an awer och sech den Asazzenter Beeteburg ugekuckt.
Senn an Zwéck vun deser Formatioun war et, fir dass d'Sekuriste kenne léieren, wéi et an engem Zenter ofleeft, an wat alles geschitt bis eng Ambulanz op der Platz ass.
Geleed goufen d'Visite vum Alain Schmit (Kommandant zu Beetebuerg), Paul Schröder (Chef de centre adjoint) an Théo Wooning (operateur du 112)
Permanence Kolléisch in Concert an Charity Run
Max Delvaux - 21-03-13
Während 4 Deeg huet d'Eischt Hëllef Team Kolléisch um KiC (Kolléisch in Concert) fir d'Sécherheet vun dem Public gesuergt. Nieft enger Permanence am Sall an enger Infirmerie hu sie och d'Bonge vun den Artiste verwalt an sech em d'Platzuweisung gekëmmert.
Freides de 15. Mäerz war den Charity Run am Kolléisch ennert dem Motto "Courir pour un sourir". D'Schüler si vir e gudden Zweck gelaaf an d'EHTK huet sech em d'Eischt Hëllef an de Ravitaillement gekëmmert. Fir eng optimal Permanence ze assuréieren haaten sie och eng Ambulanz op der Platz.

