top of page

Permanencen EHTK - In Action

Nieft de reguläre Schoulstonnen, hellt d'EHTK un bal alle Manifestatioune vun der Schoul deel, an ënnerstëtz se sous forme vun engem "Bereitschaftsdienst". Net nëmme bei Manifestatiounen um Campus mä och extern Manifestatiounen, wéi Charity Run, oder Manifestatiounen déi net vun der Schoul organiséiert sinn, wéi ING Marathon, suergt d'Éischt Hëllef Team fir Sécherheet.

KIC - Kolléisch in Concert

 

Déi wuel gréisste Manifestatioun vum Kolléisch an domat och déi gréisste Permanence fir d'EHTK ass den alljährleche Kolléisch in Conert.

Nieft der Ofsecherung vun den 3 éischten Elementer vun der Rettungsketten, sprech Patrouille durch d'Gebäi a Permanence an der Infirmerie, heut d'EHTK beim KIC och d'Funktioun vun Secuity.

 

 

Charity Run

 

I'm Et ass scho baal Traditioun dass de staater Kolléisch sech all Joers fir de gudden Zweck engagéiert.



En vun de Formen ass den Charity Run, wou d'Eischt Hëllef Team zu enger grousser Unzuel vu Sekuriste fir d'Sécherheet suergt. Dobäi ass och emmer eng Ambulanz an neierdengs riichte mir och en PMA (Poste Médical Avancé) op

 

Aweihung neie Kolléisch

Den 28. September 2012 gouf daat neit Gebäi, déi sougenannte "Blumm am Märeler Park" ageweiht. 



Mat dobäi war d'Eischt Hëllef Team, déi vir d'Sécherheet vun de sellegen Invitéen gesuergt huet.

 

 

Kleeschen - Premiärfester

All Schoul kennt de Kleeschen. Ma och do muss fir Sécherheet gesuergt ginn, grad wann et scho glat dobaussen ass.


D'Premiärsfest steet och um Programm wou d'Eischt Hëllef Team fir Sécherheet suergt.

Nei dobäi ass och d'Permanence op der Diplomiwwerreechung vun de Premiären mam uschléissenden Iessen.

Journée Rock  'n'  Roll

​Eis éischt Permanence déi net mam Kolléisch zedinn hat war d'Journée Rock 'n' Roll vum ECG. E puer Schüler haten en Dag organiséiert, wou sech alles em Rock 'n' Roll gedréit huet

6 Sekuristen an en Camionette gefëllt mat Material hunn des Permanence gemach, an sou gouf och schnell e Klassesall an eng Infirmerie emgewandelt.

Campusfest

Dat gréisste Fest fir Schüler vum ganze Campus ass d'Campusfest, wat säit e puer Joer vun alle Schoulen um Geeseknäppchen zesummen organiséiert gëtt.

Bei sou ville Schüler muss natierlech och fir Sécherheet gesuergt ginn. Des Aufgab huet d'EHTK, awer net nemme beim Kolléisch, mee iwwer de ganze Campus verdeelt si Patrouille vum EHTK déi am Fall vun engem Accident direkt kennen hëllefen.

 

Daat sinn der nëmme puer vun de sellege Permanencen déi d'EHTK all Joers mecht. Mat voller Motivatioun frëet sech d'Team op all Permanence déi se kënne maachen.



Sou kennt och dir eng Ufro bei äerem Event machen.



Natierlech machen d'Sekuristen dat all benevol!

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page