top of page

Fotoe vum EHTK

Permanencen KiC an Charity Run

Zwou gréisser Permanence stounge fir d'Eischt Hëllef Team am Februar a Mäerz um Programm. Während 4 Owender war am Conservatoire de Kolléisch in Concert (KiC) an de 15. Mäerz war den Charity Run an der Sportshaal vum staater Kolléisch.

Hei fannt dir flott Fotoe vum Eischt Hëllef Team

Ramstein AirBase 2011

2011 goung den Ausflug vum Eischt Hellef Team op Ramstein. Zu Ramstein ass eng US AirBase, op däer d'Frachtfliger vun der Nato stationéiert sinn an emmer rem a Krichsgebitter fléien. Net selten ginn des Fliger och emgebaut, sou dass och Zaldoten domat transportéiert kenne ginn.

Übungen
​​
Et ass ganz wichteg, dass d'Sekuristen emmer weidergebild ginn, och an Form vun Übungen. Bei dese Fotoen fannt dir Übungen, souwuel ugekennegt wei onugekennegt.

Vi​site CSU 112 a CIBETT

De 19. Mäerz hunn en Deel vun de Sekuriste vum EHTK d'Zentral vum 112 besicht, an och een Asazzenter, an zwar deel zu Beetebuerg. 



Fannt hei e puer Fotoe, gemach vum Frédéric Schwarz, vun der Visite...

Eischt Hëllef Dag 2012

Den 30. Juni 2012 war den 1. Eischt Hëllef Dag am Staater Kolléisch, organiséiert vum Eischt Hëllef Team. Flott Atelieren, Virträg an nach vill méi war de Leit gebueden. Groussen Highlight war d'Übung vum EHTK zesumme mat der Protection Civile.

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page