EHTK
Eischt Hëllef Team Kolléisch

Bilan 2012/2013
Den 3. Juli huet d'Eischt Hëllef Team während der Generalversammlung op dat vergangend Joer zréckgekuckt. Mat iwwer 850 Asäz war genuch zedinn, an dovun waren 2 Asäz och mat SAMU an 1 mat Pompjeeën.
Ma och op de 15. Gebuertsdag vum EHTK gouf virausgekuckt, déi éischt Projete fir d'Festivitéite goufe virgestallt.
Ugefange mat enger Ried vum Chef de Groupe, Henri Mousel, dee sech fir d'Joer bei alle Sekuristen an der Direktioun bedankt huet.
Dono koum dem max Delvaux, Chef de Groupe-Adjoint, seng Ried, deen dem Team fir d'Vertraue Merci gesot huet, an schon e bessen op dat Joer zréckgekuckt huet. Ma hien huet sech och kritesch mat de Problemer ausernee gesat, an op Entscheedung vum Komitée eng Entrevue mat der Direktioun an dem Proffekomitée virgeschloen. An och dem Här Mousel, deen seng Pensioun ugekennegt huet, huet hie Merci fir den Asaz gesot.
Dono war et dunn um Julie Lemmer, wat de finanzielle Réckbléck gemach huet, befir de Komitée dann dat ganzt Schouljoer en revue passéiere gelos huet.

Iwwer 850 Asäz haten d'Sekuristen ze bewältegen, sou vill wéi nach nie. De groussdeel waren éischter Klengegkeeten, ma och 26 Urgencen, 2 SAMU-Asäz an 1 Pompjeesasaz stoungen um Programm vun desem Joer. 28 Ambulanze waren dat Joer am Kolléisch, an eng 117 Schüler goufe vun den Elteren ofgeholl.
Bei den Asäz fällt dest Joer besonneg déi héisch Unzuel vun Kapp- a Bauchwéi op, awer och dass méi Hyperventilatiounen an Ohnmächte waren.
Alles an allem sinn et awer erem déi selwecht Asazarten wéi all Joer, mat deenen d'Sekuriste konfrontéiert goufen. Nei war awer ennert anerem eng Epileptesch Krise.

Speziell Asäz ware wuel déi 2 SAMU-Asäz, awer och e Gasalarm dee vum Team huet misse geleed ginn, eng Evakuatiounsübung a 4 Feieralarmen, déi awer falschen Alarm waren, stoungen um Programm.
All di Asz goufe vun 28 verschiddene Sekuristen bewältegt, vun allen
Alterskatégorien a Klassen. An awer waren et virun allem eis 4ème
an 3ème déi sech och dëst Joer rem richteg agesat hunn.
All zesummen hunn si 2.035 Déngschstonne geleescht,
wou de maximum vun enger Persoun 371 Déngschstonne
war. 94% vun de Schoulstonne stoung minumum 1
Sekurist op der Permanence, an och déi aner 6% war
am Noutfall emmer e Sekurist ze ereechen.

Manifestatiounen:
Nieft de Schoulstonnen hat d'EHTK och ausserhalb vill zedinn. Sou stounge verschidde Permanencen an
Projeten um Programm. De gréissten Event ass wéi all Joers de Kolléisch in Concert, wou iwwer 4
Owender fir d'Sécherheet vun iwwer 650 Leit am Conservatoire gesuergt gouf.
An och den Charity Run, wou fir iwwer 1.200 Leefer fir d'Sécherheet an Ravitaillement gesuergt gouf. Dobäi kommen och, wéi all Joers de Kleeschen, d'Premiärsfest a - Party, an d'Schoulfest.
E feste Projet ass wéi emmer MiniAnne, wou d'Schüler d'Gester vun der Reanimatioun geléiert ginn. An wi all Joers, ware 4 Sekuristen och bei den Cycle 4.2 (6. Schouljoer) an der Primärschoul zu Fréiseng fir dëse Schouler d'Reanimatioun bäizebréngen.
Dobäi koumen dëst Joer d'Journée de Prévention am ECG, wou d'Eischt Hëllef Team 2 Atelieren iwwer 1. Hëllef a Rea hat, an den ING Marathon an der Staat.
2 extern Formatioune stoungen och um Programm: Visite vun der Leitstell vum 112 an eng Visite vum Asazzenter Beetebuerg.




Ausbléck 2013/2014 - 15 Joer EHTK
Um Enn stoung dunn nach den Ausbléck op dat neit Schouljoer um Ordre du Jour.
De Frank Jagusch, deem säi Posten am Komitée och em 2 Joer verlängert gouf, huet 2 Projete virgestallt: Un éischter Linn soll de Projet "Kuck net einfach no - Hëllef och DU mat" richteg lancéiert ginn, wou et dorems geet, d'Leit op Eischt Hëllef opmierksam ze machen. Dës weideren steet awer och de "Prix du Mérite" um Programm, wou d'EHTK well matmaachen, an hiert Team virstellen a promovéieren.
De Chef de Groupe Henri Mousel huet dann och annoncéiert, dass et fir d'15 Joer Feier eng 2. Oplaach vum Eischt Hëllef Dag wäert ginn, méi Detailer wäerten awer eréicht spéider ëffentlech gemaach ginn.
Wahlen an Invitéen:
Et goufen awer och 3 Posten am Komitée nei gewielt: Chef de Groupe Adjoint, Mannschaftsvertrieder an Member mat Zousatzfunktioun Permanenceplang.
D'Resultater:
-
Chef de Groupe Adjoint: De Max Delvaux konnt säi Posten vir 2 Weider Joer verlängeren, hien ass vum Team eremgewielt ginn.
-
Mannschaftsvertrieder: Nei am Komitée ass de Max Kayser, dee kee Géigekandidat hat.
-
Member: Och dem Frank Jagusch seng Platz am Komitée ass em 2 weider Joer verlängert ginn.
E grousse Merci geet nieft alle Sekuristen och un eis Invitéen M. Salentiny (Direkter vum Kolléisch), M. Paul Schroeder (Chef de centre adjoint CIBETT), M. Raoul Klapp an Mme. Liliane Radtman (Proffesseren am Kolléisch).