top of page

Den 30. Juni 2012 war et endlech souwäit: den 1. Eischt Hëllef Dag am Kolléisch huet stattfonnt. Mat flotten Attelieren, Virträg, enger Simulatioun vun engem Asatz souwéi eng Ausstellung vu Rettungsgefierer gouf dem Public e flotte Programm présentéiert. Entdeckt hei méi iwwer den Eischt Hëllef Dag...



Punkt 10 ass et lass gangen mat enger Ried vun eisem Direkter dem Joseph Salentiny, an däer hien d'Tätegkeet vum Eischt Hëllef Team geluewt huet, an de wichtege Standpunkt vun sou engem Team am Kolléisch manifestéiert. Dono goung et weider mat direkt e puer Virträg vu verschiddenen Dokteren.



Een vun den Héichpunkte vun desem Eischt Hëllef Dag war d'Asatzsimulatioun zesumme mat der Ambulanz vu Beetebuerg. 2 Blesséierter, dovun een um Réck hu misste vum EHTK behandelt ginn. Wéi d'Ambulanz dunn op der Platz war, war schon alles prett.



E weideren Héichpunkt war kuerz drop d'Table Ronde iwwer d'Thema "Eischt Hëllef an der Schoul".

Ma iwwer de ganzen Dag war de Leit en Zelt gebueden, an deem e Feier simuléiert gouf, Atelieren iwwer Eischt Hëllef, Stänn vun der Police, der Protex, Pomjeesféderatioun a weidere Betrieber.

Asatzween vun der BF, dem CIBETT an der Croix Rouge waren ausgestallt.

E groussen Erfolleg, an bis 2013 um 2. Eischt Hëllef Dag.​



Wieder Infoen fannt dir an der Kategorie "Eischt Hëllef Dag"

 

Bilan: 1. Eischt Hëllef Dag

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page