top of page

D'Infirmerie am Saater Kolléisch

Hei fannt dir Fotoen mat enger Beschreiwung iwwer d'Infirmerie am Athénée, dei d'Eischt Hëllef Team Kolléisch sech opgebaut huet an selwer verwalt.

D'Infirmerie ass net nemme mat puer Verbänn a Ploschteren ausgestatt, mee vill Material waat an enger Ambulanz ze fannen ass, gett et och an eiser Infirmerie.

Infirmerie B1.1

 

Am Sall B.1.1 ass am neie Gebai d'Infirmerie. Um Administratiounsstack, vis-à-vis vum Service Technique, an niewt dem Sekretariat an der Direktioun ass d'Infirmerie also no un alle wichtege Punkten am Gebai. No bei der Infirmerie ass och e Lift an deen e Brancard rapasst.

 

Einfach ze fannen ass 'Infirmerie, einfach um 1. Stack am B Fligel, déi éischt Diir. Sou ass d'Infirmerie och praktesch geluecht, fir d'Ambulanz. D'Ambulancieren mussen am Normalfall also mol net de Lift benotze fir bis bei e Patient ze kommen.

Brancard a Funken

 

Fir de Patienten e beschtméigleche Comford ze erméiglechen ass eis Infirmerie mat engem Brancard équipéiert. Fir all Patient gett en "Bettduch" op de Brancard geluecht, well d'Hygiène eng grouss Roll spillt.



Op der Fensterbänk stinn Händchen an 4 verschidde Gréissten, déi fir all Asatz ugedoe ginn.



D'EHTK ass ausserdem mat Funken équipéiert, dei all Moment asatzbereed sinn, souwuel fir gréisser Asätz wéi och bei Manifestatiounen.

Eischt Hëllef Schief an Schaufeltrage

 

D'Eischt Hëllef Team huet 2 grouss Eischt Hëllef Schief. An deem engem ass Verbandsmaterial, vu Ploschteren iwwer Verbänn a Crèmen. Den anere Schaaf ass fir Diagnostik, Blutdruck, Themperatur, Bols.

Nieft dem regulären Eischt Hëllef Material, ass d'Team och mat enger sougenannter Schaufeltrage an Vakuummatratz équipéiert. Fir réckeschounenden Transport a Rettung. 

Stillchen 

 

Nieft der Schaufeltrage an der Vakuummatratz (Ambulanzmaterial), ass d'EHTK och mat engem Stillchen équipéiert. Dese gett virun allem fir Patienten benotzt, déi netméi kenne goen (no enger Verletzung beispillsweis) a fir de Patient sou bis an d'Infirmerie ze beförderen.



Iwwer dem Stillchen hänkt eis Tafel, wou emmer déi wichtegst Informatiounen dropstinn.

wielt w.e.g. eng Ennersäit aus:

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page