top of page

An enger Schoul wéi dem Stater Kolléisch, wou sech all Dag méi wéi 1400 Schüler souwéi en déi 250 Erwuessen, spriech Professeren, Service Technique, Botzfirmaen, etc., ophalen, kéint et ëmmer zu all erdenklechem Noutfall kommen.

D'Idee vum Eicht Hëllef Team Kolléisch (kuerz EHTK ) ass et, de Matmënsche bei engem méi oder manner groussen Noutfall déi beschtméiglech Éischt Hëllef ze leeschten.

Et ass bekannt, dass déi éischt Minutten no engem Noutfall déi wichtegst sinn, fir déi optimal Éischt Hëllef ze leeschten. Och wann eis Schoul an der Haaptstad ass, kann et eng Zäit daueren, bis d'Rettungsdéngschter antreffen.

Des Zäit gëtt vun eise Sekuristen iwwerbréckt, mam Effekt, dass d'Waardezäit dem Patient net ze laang erschéngt, well en weess, dass him gehollef gëtt.

 

Awer och bei méi Klengegkeeten, wéi Bauchwéi a Kappwéi mat enger Pëll (nëmme mat Erlaabnis vun den Elteren); Schnëttwonnen; etc, këmmere mir eis ëm de Patient a probéieren him ze hëllefen. Falls de Patient vill Krank ass, zum Beispill eng Mogripp, kontaktéiere mir d'Elteren, a waarde mam Patient, bis en ofgeholl gëtt.

Firwat gëtt et d'EHTK?

D'Entstoung vum EHTK

Am Hierscht 1998, während enger Versammlung vum lokale Sécherheetskomitee huet den Här Paul Schiltz d'Idee vun engem Éischt Hëllef Team presentéiert, no dem Muster vun den däitschen "Schulsanitätsdiensten".

Nodeems des Idee genau iwwerluecht gouf huet den Här Henri Mousel säin Accord gi fir sou een Team op Been ze stellen.

Den 1. Problem war fir fräiwëlleg Sekuristen ënner de Schüler ze fannen, wat awer méi einfach wei geduecht war, ënnert anerem och duerch den alljährlechen Éischt-Hëllef-Kur an der Schoul.

 

Den 2. Problem war d'Infirmerie mat Material ze equipéieren, well am Budget keng Zommen dofir virgesi war. Mat Hëllef vum deemolegen Direkter Emile Haag konnt awer eng Grondausstattung kaf ginn, fir Éischt Hëllef ze leeschten.

Fir d'Alarméiere vun de Sekuriste gouf eng hausintern Piipsanlag ugeluecht, inklusiv 2 Piipserten.

Säit 2011 besetzt Team 8 Piipserten an och eege Funken. Mee och d'Material gouf ëmmer erweidert.

Wielt w.e.g. eng Ennersäit aus:

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page