top of page

D'Membere vum Team sécheren déi éischt 3 Glidder vun der Rettungsketten, spriech Direktmoosnamen, Noutruff, Éischt Hëllef, bis d'Antreffe vun de Rettungsdéngschter of.

Während der ganzer Schoulzäit ginn des 3 Elementer ofgeséchert.

Nieft de reguläre Schoulstonne kommen dann och intern an extern Manifestatiounen, wéi Kolléisch in Concert, wou d'Team fir Sécherheet suergt.

 

Awer och bei enger Evakuatioun vum Schoulgebai, souwuel bei enger Übung wéi am Eeschtfall, ginn all d'Sekuriste per "Alerte-Générale" alarméiert a suergen da fir en onproblemateschen Oflaf vun der Evakuatioun.

All Schüler aus dem Kolléisch, den en Éischt Hëllef Kur huet, Croix-Rouge oder Protection Civile, kann sech fir d'Team mellen. Intern huelen d'Sekuristen un Formatiounen deel, wat och zu hieren Aufgabe gehéiert. Eischt-Hëllef-Moossnamen an extern Formatioune stin hei um Programm.

Eng weider Aufgab ass d'Verwaltung vum Team, déi Schüler zum Deel selwer iwwerhuelen. Hei muss de PermnencePlang opgestallt ginn, wou all Schoulstonn bis zu 3 Sekuristen Dengscht hunn, déi dann am Noutfall aus dem Kur gepiipst ginn

Wat sinn d'Aufgaben?

wielt w.e.g. eng Ennersäit aus:

© EHTK, All rights reserved.

FOLLOW US:

  • w-facebook
bottom of page